Retour

WASTRO

Founded in 2021 at Lycée Aline Mayrisch

À propos

Mir sinn véier motivéiert Schüler aus dem Lycée Aline Mayrsich vun der Mini-Entreprise WASTRO. Eis ass opgefall, dass déi meescht Leit net richteg oppassen, wou hier Kleeder hier kommen, wéi se produzéiert ginn an ënnert welchen Konditiounen d’Aarbechter Kleeder hierstellen. Grad Fast-Fashion Firmen produzéieren hier Kleeder an meeschtens Entwëcklungslänner, wou d’Aarbechter oft ënnert schlechten Aarbechtskonditiounen schaffen mussen, an déi dono och net en gerechten Salaire vir hier Aarbecht kréien. Dobäi ass d’Hierstellung vun solchen Fast Fashion Kleeder net nëmmen schiedlech vir d’Aarbechter, mee awer och vir d’Ëmwelt. Dofir hunn mir decidéiert eng nohalteg an Fairtrade Kleederkollektioun eraus ze bréngen. Den W an eisem Numm steet vir wasteless. Dat heescht mir probéieren esou mann wéi méiglech Offäll ze produzéieren oder déi Offäll weider ze verwäerten, dofir wäerten mir och op recyclabel Verpackungen zeréckgräifen. Den Astro an eisem Numm symboliséiert déi verschidden Galaxien and d’Stären, vun deenen mir eis inspiréieren gelooss hunn vir eis Kollektioun ze entwerfen. LG, äert WASTRO Team

Étudiants

Aiko Brandenburger, Kim Lanners, Mathieu vercauteren, Yanis Aboummaad

Contact