Bëssen Wëssen
Founded in 2022 at Lycée Aline MayrischÀ propos
Eis Minientreprise offréiert Eech een innovativt Kaartespill iwwert d'Groussherzogtum Lëtzebuerg woumadder mir d’Integratioun am Land op spillerescher Aart an Weis vereinfachen wëllen. Entdeckt d'lëtzebuerger Sprooch an d'lëtzebuerger Kultur mat eisen selwergemoolten Karten iwwert Monumenter, Traditiounen, Iessen a Personnagen aus Lëtzebuerg. An och wann dir schonn een Expert zum Thema Lëtzebuerg sidd, wäert Dir vill Spaass mat ären Kolleegen beim Spillen vun "Bëssen Wëssen" hunn!